Den 11. an 12. September starte mir mam Season Opening vun den Hären an dem Match des Anciens an eis Geburdsdagssaison!
Wärend dem ganze Weekend si Matcher vun all eisen Equippen a Sonndes um 16:00 weisen eis Anciens nach eng Kéier wat se kënnen.
Den Entrée ass de ganze Weekend gratis.
Wärend dem ganze Weekend gëllen d’Reegele vum CovidCheck! Schnelltester kennt dir selwer matbréngen a sur place maachen oder sur place fir 5€ kréien.
Samschdes, den 11. September
16:00 Match amical U21 – Red Boys Differdange
18:00 Match amical U15 – HC Standard
20:15 Seniors Hommes – HBC Schifflange – HC Standard
Ab 16:00 gëtt virun der Hal gegrillt. Dobanne gëtt et Eisekuchen an eng Schampesbar.
Sonndes, den 12. September
10:00 Tournoi U8
11:15 Match amical U11
13:30 Match amical U13
16:00 Match des anciens
19:00 Walking Dinner