50 Joer HBC Schëffleng Season Opening & Match des Anciens

Den 19. Dezember 1971 gouf den Handball Club Schëffleng gegrënnt. 50 Joer Clubliewen, dat sinn Emotiounen an Erënnerungen an eng helle Wull Matcher, déi mir zesumme mat dir wëlle feieren.

Fir déi al Zäiten erëm opliewen ze loossen an nei Erënnerungen ze schafen, hu mir den 11. an 12. September op de Season Opening an de Match des Anciens invitéiert. E grousse Merci un all d’Spiller déi um Terrain alles ginn hunn an un d’Spectateuren déi si ënnerstëtzt hunn!

Am Link hei drënner kënnt dir iech d’Fotoen vun dësem Event ukucken.

LIRE PLUS

Mir brauchen Dech! 

Dir hutt Geschichten, Erliefnisser oder Fotoen iwwer oder mam HBC Schëffleng? 

Fir eis Broschür 50 Joer Handball Club Schëffleng siche mir nach flott Geschichten aus engem hallwe Joerhonnert Veräinsgeschicht, sief et Matcher, Evenementer, oder flott Erliefnisser mat de Kolleege vum Handball. 

Wann Dir net wëllt, dass dës an de Vergiess geroden, dann zéckt net a mellt Iech bei eis ënnert der Adress 50@hbcs.lu 

Sponsoren a Memberen

Dir kennt de Comité 50 Joer Handball Club Schëffleng als Member mat engem Don ënnerstëtzen.

LU47 0019 6055 1360 8000 (BCEELULL)

Membre supporteur: 5 – 49 €

Membre d’honneur: 49 – 99 €

Membre protecteur: > 99 €

2021 - 2022 Programm vun der Saison

 Den Handball Club Schëffleng „HBCS“, feiert an der Saison 2021/22 seng 50 Joer! 

An dësem Kader gouf, ënnert der Leedung vum Paul Weimerskirch, e Comité 50 Joer HBCS an d‘Liewe geruff, deen Iech folgende Programm offréiert. 

LIRE PLUS

Mäerz / Abrëll 2022

Am Fréijoer stinn d’Schëfflenger Kanner am Fokus.

Duerch eng Aktivitéit fir d‘Schëfflenger Kanner, wëlle mir hinnen den Handball méi no bréngen an hinne weise wéi schnell an dynamesch eise Sport ass. Den Handball ass en Ekippesport a fërdert Kollegialitéit an den Zesummenhalt tëschent de Spiller. Donieft bréngt eise Sport vill Spaass a Freed um Sport mat de Kolleegen.

Weider Informatioune ginn et no der Schoulrentrée am September.

Juli 2022 

Den Eurofestival ass 2022 erëm zu Schëffleng. Bei dësem internationalen Event sinn d’Stroosse vu Schëffleng wärend enger Woch voll mat Leit. 

Déi europäesch Kulturhaaptstad Esch2022 wäert dësem Event d’Kroun opsetzen an aus dem Eruofestival e Magnéit fir Bierger aus Schëffleng an Ëmgéigend maachen. 

Wärend dësem Festival këmmert den HBCS sech em d’Promotioun vum Handball. 

MERCI À NOS SPONSORS